¡Acompáñanos a viajar por el mundo de los libros!
Añadir este libro a la estantería
Grey
Escribe un nuevo comentario Default profile 50px
Grey
Suscríbete para leer el libro completo o lee las primeras páginas gratis.
All characters reduced
Den Cäsar an d' Huesendier vu Munneref - cover

Den Cäsar an d' Huesendier vu Munneref

Ritchie Rischard

Editorial: Editions Schortgen

  • 0
  • 0
  • 0

Sinopsis

Den ?Cäsar? geet schon zanter 5 Joer op Munneref an d?Kur, allerdéngs an enger Parallel-Welt, also an der Welt vun den Huesen. Si hunn déi selwecht Geschicht wéi mir, an och déi selwecht Persoune liewen an hirer Welt. Et sinn awer alles Huesen.

Den Cäsar duerf déi kéier an engem ?Zauberbuch? liesen, well e wëll wësse wéi den ?Hues Metty? Ufank vum 20. Joerhonnert d?Thermal Bad gegrënnt huet. Hien gëtt an d?Buch gezunn an erlieft tëscht 1900 an 1920 dem Metty seng Geschicht. Aus dem Cäsar gëtt also de Metty.

Op senger Rees duerch Länner wéi Frankräich, England, Holland an den USA begéint hie ville grousse Perséinlechkeeten, wéi z.B. dem Charlie Chaplin, der Queen Victoria oder dem Buffalo Bill.

Léiert dem Metty seng Frënn vun deemools kennen, an frëscht äert Wëssen iwwert déi gutt al Zäit am fréien 20. Joerhonnert bëssi op. Den Cäsar, alias Metty ass gären äre Guide duerch d?Welt vun den Huesen.

De Ritchie Rischard gouf de 26. Juli 1963 zu Diddeleng gebuer. Et war d'Zäit an där véier Jonge vu Liverpool Museksgeschicht geschriwwen hunn. Et heescht seng éischt Wieder wieren dann och net ?Mamma? oder ?Pappa? gewiescht, mä ?Yeah, Yeah, Yeah?. Op jiddwerfalls markéiert d'Musek vun Ufank un säi Liewe. De Startschoss fir d'Musek zu sengem Beruff ze maache fält den 1. Oktober 1987, wéi hie Vendeur am Stader ?Parc Music? gëtt. 1992 gëtt aus dem Vendeur de Musekredakter vum ?DNR? an de ?Bubble-Säiten? am ?Télécran?. 1997 erreecht en da säin Ziel wéi e Musekredakter bei ?RTL Radio Lëtzebuerg? gëtt. Bis an d'Joer 2000 mëscht hien dat Haaptberufflech, hie presentéiert deemools e.a. den ?CD vun der Woch? an ?d'RTL Rocksaga?. Duerno wiesselt hien an d'Publicitéit an schafft bis Dato bei der ?I.P.L?. Nieweberufflech ass hien nach ëmmer Musekredakter bei ?RTL?, hie schreift Texter fir ?Pop History? an de ?Sunday Brunch?, an presentéiert Sonndes Mëttes den ?Country-CD-Tipp?.
Disponible desde: 01/01/2013.
Longitud de impresión: 360 páginas.

Otros libros que te pueden interesar

  • Zucht Hauskazen an Tipps fir se Glécklech ze Halen - De beschte Guide fir Iech Är Kaz ze verstoen an ze gär - cover

    Zucht Hauskazen an Tipps fir se...

    Edwin Pinto

    • 0
    • 0
    • 0
    Déi meescht Kazen kommen onerwaart an eist Liewen, mir falen op eemol verléift,
    et gëtt eng speziell Verbindung. Aner Zäite fille mir iergendwéi datt mir d'Firma wëllen
    vun enger Kaz, an dat ass wou vill Zweifel eis iwwerfalen wéi a wou eng Kaz ze fannen,
    a wann et gutt fir eis Firma passt, ob Probleemer entstinn a wéi mir mat hinnen ëmgoen
    léisen wa mir näischt iwwer Kazen wëssen.
    
    Mat dësem Buch léiere mir alles am Zesummenhang a Wichteg wann Dir e Kitten bréngt
    fir eist Liewen, alles wat mir musse wëssen, gëllen a léieren eise Kitten, wa mir ufroen
    Alles wat op dëse Säiten gesot gëtt hëlleft eis eng emotional a kierperlech gesond Kaz ze hunn.
    mécht et eise perfekte Liewenspartner, an déi wichtegst Saach ass, datt et huet
    eisem Verständnis Léift a Respekt.
    Ver libro