D' Bomi ass dout - Eng Schachnovell
Joseph Kayser
Editora: Editions Schortgen
Sinopse
D’Geschicht spillt am Joer 1972. De Julien, 9 Joer, ass en zimlech intelligente Jong, deen esou munches a sengem Ëmfeld a Fro stellt. An d‘Vakanz war hien nach ni, well säi Papp ze knéckeg ass. Bis d‘Bomi der Famill eng Woch op der belscher Plage spendéiert. Géint Enn vun der Vakanz iwwerschléit sech op eemol alles an et muss séier gehandelt ginn. De passionéierte Schachspiller Julien fënnt sech um Enn an enger ganz staarker Positioun. Als gudde Strateeg weess en dat auszenotzen.