Join us on a literary world trip!
Add this book to bookshelf
Grey
Write a new comment Default profile 50px
Grey
Subscribe to read the full book or read the first pages for free!
All characters reduced
D' Bomi ass dout - Eng Schachnovell - cover

D' Bomi ass dout - Eng Schachnovell

Joseph Kayser

Publisher: Editions Schortgen

  • 0
  • 0
  • 0

Summary

D’Geschicht spillt am Joer 1972. De Julien, 9 Joer, ass en zimlech intelligente Jong, deen esou munches a sengem Ëmfeld a Fro stellt. An d‘Vakanz war hien nach ni, well säi Papp ze knéckeg
ass. Bis d‘Bomi der Famill eng Woch op der belscher Plage spendéiert. Géint Enn vun der Vakanz iwwerschléit sech op eemol alles an et muss séier gehandelt ginn. De passionéierte Schachspiller Julien fënnt sech um Enn an enger ganz staarker Positioun. Als gudde Strateeg weess en dat auszenotzen.
Available since: 04/11/2019.
Print length: 86 pages.

Other books that might interest you

  • De Mann deen ëmmer laacht - cover

    De Mann deen ëmmer laacht

    Joseph Kayser

    • 0
    • 0
    • 0
    Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung, den Afloss vun de Matmënschen?
    Beim Clement S. ass et dat alles. An ufangs och bestëmmt den Drang, géint verschidden Zwäng ze kämpfen. Seng Pedanterie an säin Haass, seng Onfäegkeet, Empathie ze empfannen an seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet maachen, dass hien sech ëmmer méi isoléiert. Hie gëtt net eens mat Fraen, ze ville Mënschen an enke Raim a Leit, déi anescht sinn ewéi hien. De System awer weess sech ze wieren an auszesënneren, wat net gutt ass fir den eegene Betrib. Da fällt den éischte Schnéi ...
    Show book
  • Eis Jonge ginn agezunn! - cover

    Eis Jonge ginn agezunn!

    Rich Ruppel

    • 0
    • 0
    • 0
    Sechs Lëtzebuerger Jongen, déi zwangsrekrutéiert goufen, kommen an e preisescht Ausbildungslager.
    Si hu wëlles aus dësem Lager fortzelafen, mee si stellen dann awer fest, datt et esou gutt wéi onméiglech ass. Si waarden op eng besser Geleeënheet.
    
    Spéider kréien si och d?Chance, fir sech aus dem Stëbs ze maachen. Dat geet awer net esou einfach wéi gesot. Ënnerwee komme si zoufälleg an eng Géigend, wou grad en Zuch entgleist ass. Si wëllen dohi kucke goen, fir ze hëllefen. Do ginn et en etlech Doudeger. Just eng eenzeg Persoun konnt vun hinne gerett ginn: d?Anne Montpellier, eng franséisch Resistenzlerin.
    
    De Wee fir heem ass wäit a beschwéierlech a si erliewe villes zesummen.
    Kommen s?alleguer sécher heem? Gëtt et en Happy-End?
    Show book
  • Prinzessin Charlotte - cover

    Prinzessin Charlotte

    Joseph Kayser

    • 0
    • 0
    • 0
    De Fränz huet 12 Joer, wéi en am Hierscht 1976 an d’Stad an d’Schoul geet. De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d’Schwëster schafft an ass seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem, wat hien esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt?
    D’„Prinzessin Charlotte” ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher Handlung erzielt a steet stellvertriedend fir dat, wat am Fränz senger Famill net esou ass, wéi et soll sinn.
    Show book
  • De Fäert-Uasch - Ze léif fir dës Welt? - cover

    De Fäert-Uasch - Ze léif fir dës...

    Cathy Clement

    • 0
    • 0
    • 0
    Wat d’Maude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi Kappzerbrieches bereet. „Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net normal?!“, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an d’Maude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt. Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir hatt do. Ëmmer, wann d’Maude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren. Vun do u weess d’Maude, dass et net eleng duerch d’Liewe geet, mee wie wëll scho permanent e „Fäert-Uasch“ bei sech hunn?
    Show book
  • Perl oder Pica - cover

    Perl oder Pica

    Jhemp Hoscheit

    • 0
    • 0
    • 0
    1963 huet den Norbi, e Bouf vun 12 Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden, an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d?Hell ? Perl oder Pica, wéi d'Schrëfttypen vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp verkeeft. 
    
    Den Norbi fënnt an der Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp. E Besuch am Monument aux Morts mat der Klass ass wéi e Choc. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen?.
    
    Perl oder Pica beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet. Et geet ëm d'Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. 
    Doriwwer eraus, ass de Roman eng Lëtzebuerger Chronik aus de 60er Joren, enger zimlech onkomplizéierter Zäit, déi dem Erzieler awer ongerecht a verluge virkënnt.
    Show book
  • Dräi Läichen zu Koplescht - cover

    Dräi Läichen zu Koplescht

    Rich Ruppel

    • 0
    • 0
    • 0
    E Seriemaerder gett gesicht.
    
    De Kommissär Jos Mathes a seng Equipe kréien enges Daags d’Noriicht, datt d’Läich vun enger Fra zu Koplescht fonnt gouf. Si maachen sech direkt op de Wee dohin, fi r esou vill wéi méiglech Informatiounen ze kréien.
    Eng gutt Woch méi spéit gëtt nees eng Fraeläich entdeckt.
    Et gëtt festgestallt, datt den Täter déi zwou Fraen nom selwechte Muster ëmbruecht huet, fir se duerno op déiselwecht Plaz, nämlech e géien Hank bei engem Floss, erofrëtschen ze loossen.
    Wat kann dat bedeiten?
    E Seriëmäerder dreift also säin Onwiesen an der Ëmgéigend vu Koplescht.
    Ginn et nach méi Affer?
    Show book